Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg Band 2

  • Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg Band 2
  • Artikelnr.: soen2018
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 17,50€


Wéi mer am Juni 2016 de Buchband „Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch – Griicheland“ erausbruecht hunn, war eng Motivation déi, d’Lëtzebuerger Kultur a Sprooch ze fërderen, ma och al Geschichte (Mythen, Legenden, Soen…), déi tendenziell an de Vergiess gerode sinn, nees „auszegruewen“ an op eng flott Aart a Weis nees zougänglech ze maachen, mat Texter a mat uspriechenden Illustratiounen. Et ginn där Geschichte ganz vill. Et gi se an allen Häre Kontinenter a Länner, natierlech och am Lëtzebuerger Land. Duerfir hu mer decidéiert, eng eege Serie fir Lëtzebuerg ze maachen. Deen éischte Volume ass d’lescht Joer erauskomm, an zwar ënnert dem Titel „Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg“. Well béid Bänn beim Lieser gutt ukomm sinn, hu mer gesot, da soll et weidergoen. Dofir ginn et vun elo un 2 Reie vu Geschichten a Lëtzebuerger Sprooch, eng éischt mat net Lëtzebuerger Geschichten (Serie „Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch“) an eng zweet mat spezifesch Lëtzebuerger Soen aus allen Uertschafte vum Lëtzebuerger Ländchen (Serie „Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg“). Hei ass elo den 2. Band vun deene Lëtzebuergesche Geschichten. All Joer sinn ofwiesselnd jeweils ee Band aus béide Reien virgesinn. D’nächst Joer ass et nees um Tour vun den auslännesche Mythen, an zwar deenen nordeschen. Mir wënschen iwwerdeems vill Spaass beim Liese vun de Geschichten a beim Kucke vun de Biller an hoffen, Iech vill schéi Momenter vu Spannung an „Entspannung“ schenken ze kënnen.

Källsjö, am Abrëll 2018

Romain a Julia Jeblick


Text : Romain Jeblick

Illustratiounen : Julia Jeblick

Sprooch: lëtzebuergesch

Präis: 17,50€

ISBN-13: 978-99959-45-43-5

Tirage: 1.000 Ex.

Schnellsuche Soen, Soe, Sagen, Myths, luxembourg