Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch (Band 1 - Griicheland)

  • Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch (Band  1 - Griicheland)
  • Artikelnr.: 2017Mythen
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 15,00€


Mythe si Geschichten aus dem Vollek fir d’Vollek. An hinnen erklären d’Mënsche sech Gott an d’Welt a maachen dat, fir sech ze ënnerhalen, awer och fir eppes ze léieren, sief et iwwert dem Mënsch seng Stäerkten a Schwächten oder iwwert d’Natur ausserhalb vum Mënsch. Si verzielen se, liesen se, lauschteren se, kucken se an da schwätzen se driwwer.


Mythen hu schon ëmmer all Konschtforme beaflosst a bilden duerfir gewëssermoossen d’Fundament vu Kultur a Wëssenschaft. An dësem Band ass eng éischt Auswiel mat deene schéinsten Erzielungen aus deem ale Griicheland. Wéi schéi wier et, wann d’Mënschen dës Pärele vun der Weltliteratur weiderhi fleegen an deele géifen, sief et doheem, an der Schoul oder iwwerhaapt an der Gesellschaft.


Autor: Romain Jeblick