Tun, Frunnes a Co.

  • Tun, Frunnes a Co.
  • Artikelnr.: TunFrunnes1
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 15,00€


Den Tun an de Frunnes sinn zwee kleng Personagen aus enger Bande Dessinée, déi an den 90er Joren bei de jonke Lieser ganz beléift war. Elo kommen si zréck mat neie verréckten Aventuren.

Mat Szenariën an Zeechnungen vum Pierre Decock, an d’Lëtzebuergescht gesat vum Gaston Zangerlé, erliewe mir mam Tun a senge Leit déi lëschtegst Geschichten. 40 Säite mat Witzen, op deenen den Tun sech an déi drolegst Situatione manövréiert, wou seng Eltere perplex sinn… an de Lieser sech eng Boss driwwer laacht.

Tun, Frunnes a Co. „Décke Gaas“, e Comic dee jidfer Publikum wäert gefalen!

40 Säiten

ISBN-13 : 978-99959-45-02-2