D'Engelcher vu Schëndels

  • D'Engelcher vu Schëndels
  • Artikelnr.: DVDENGELCHER
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 19,80€


D’Geschicht vun den “Engelcher vu Schëndels” huet sech 1932 bis 1934 ofgespillt, zu enger Zäit déi bis elo nach nët am lëtzebuerger Film behandelt gin ass. Déi 30er Joren tëscht den 2 Weltkricher waren duerch déi grouss Aarbechtslosegkeet an déi Krisesituatioun a ganz Europa, an esouguer an der Welt, eng batter Zäit fir e groussen Deel vun de Lëtzebuerger. Besonnesch di kleng Leit haten ënnert der Aarmutt an der Knappheet vun de Liewensmëttel ze leiden.///

Déi Säit vun der Musel ass den Hitler un d’Spëtzt komm; an dem Nazismus séng schlëmm Auswiirkungen ware bis op Lëtzebuerg ze spiren.

De Film “Engelcher vu Schëndels” geet vun enger Geschicht aus, déi sech wiirklech an dem klengen Dierfchen Schëndels, nët wät ewech vu Miersch ofgespillt huet. Nodeems eng Zäitchen di Affär an der nationaler an an der internationaler Presse fir Opregung gesuergt huet gouf den Deckel drop gesat bis haut.

Gott sei Dank waren an de Geriichtsakten an den “Archives Nationales” e sëllechen Eenzelheten ze fannen iwwert di Kriminalgeschicht do an eemol méi geseit een datt d’Wiirklechkeet méi staark ass wéi d’Fiktioun.

Di Affär weist wéi eng allgegenwärteg a falsch verstanen Presenz vun der Kiirch zu däer surrealistescher Engelchersgeschicht gefouert huet.