Karikatour 2005

  • Karikatour 2005
  • Artikelnr.: 2005Karikatour
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 12,00€


Déi bescht Satire ass munchmol déi onfräiwëlleg...gewëssermoossen déi, déi d’Liewe schreift. Dat beweisen déi bombastesch 12 Méint, déi hannert eis leien.2005 war zu Lëtzebuerg een eenzege Krimi...do soll kee méi soen, de Grand-Duché wier dat schwaarzt Lach am Mëttelpunkt vun der universeller Langweil! Am Joer vum Einstein ass eben alles relativ: 56,52% sinn dofir, net eppes klengs méi wéi d’Halschent,mais bal dee ganzen Himmel... sou grouss ass nämlech de Steen, deen dem Europäer vum Joer vum Häerz gefall ass. An däer ganzer Débatt gouf zwar heiansdo gejaut,datt et bis op Stengefort ze héiere war...mais ween op d’Gebuert vun enger Sträitkultur gehofft hat,fillt sech bestëmmt gevullt: zënter dem 10te Juli leien d’Modelleuropäer nees am déifste Schlof! A propos Schlof: t’gëtt dach dat Mäerchen vun der Prinzessin (oder war et ee Prënz?) déi wakreg blouf,well se eng Ierbes ënnert engem ganze Stouss Matrasse gespuert huet. Dat ass bestëmmt käng Lëtzebuerger Geschicht,well bei eis géif se sech mol net vun enger Knallierbes stéiere loossen! Vill Dynamit deemno,fir eng explosiv Karikatour 2005. Vill Spaass
an erféiert net bei de Sylvesterknupperten...sou eng Bëmmchen huet hei am Land nach ni engem geschued!

Tom GRAAS Chefredakter vun RTL Télé Lëtzebuerg

ISBN 2-919999-35-4