Sonneblummekand

  • Sonneblummekand
  • 21,00€

„Den Timo war aacht Joer al an hie war immens frou mat Blummen. D‘Sonneblummen hat hien am allerléifsten. Dacks huet hien d’Sonneblummekand, dat bei der Eisebunn op engem Hiwwel am Buedem stoung, besicht. D‘Sonneblummekand war nach ganz jonk an huet sech all Dag op en Neits un der Sonn erfreet. Enges Mueres ass e groussen, giele Bagger gefuer komm an huet de Buedem ewechgeschëppt an an e Camion getippt. Den Hiwwel ass ëmmer méi gerutscht, bis och d’Sonneblummekand mam Gesiicht no ënnen am Camion louch. Mee dat konnt den Timo net zouloossen. Keng Blumm sollt esou noléisseg behandelt ginn a scho guer net seng léif Sonneblumm.“  

D'Autorin Henriette Maloue Nittel krutt d'Joer 2012 de Lëtzebuerg Literaturpräis fir d’Buch „ De Mann aus dem Séi “.

 

ISBN-13: 978-99959-45-64-0 

Hardcover 

Format: 210 x 210 mm 

48 Säiten 

Sprooch: lëtzebuergesch 

Illustratiounen: Luss Meyer