Karikatour 2007

  • Karikatour 2007
  • Artikelnr.: 2007Karikatour
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 12,00€


Richteg Chance hate se, d’Kollege Jacques Kapp a Carlo Schneider, well “Fudder” fir hiert Buch krute si dëst Joer vun alle Säiten an um gëllene Plateau zervéiert! Datt eng Rëtsch Aktualitéitsthemen “importéiert” goufen, dierft keen iwwerraschen: Schliisslech wunnen nëmme 450.000 Leit hei am Land oder, anescht ausgedréckt, de ganze Rescht vun der Mënschheet haust op iergendenger anerer Plaz am Ausland wou och heiansdo eppes geschitt … Wéi och ëmmer, et gëtt een den Androck net lass, d’Lëtzebuerger hätte sech besonnesch gutt druginn fir et och bis an d’ “Karikatour” 2007 ze packen. Souguer eis Futtball-Nationalequipe huet e Gol geschoss! Säit fir Saït gi mir drun erënnert, wat fir Gelungener mir sinn, an dacks gi sech Karikatur a (batter) Realitéit net wäit aus de Féiss. Och an dëser Ausgab spillen eis léif Politiker déi éischt Gei. Knëppelhaart trëfft et déi, déi wëllen eis gutt al Gewunnechten op d’Kopp geheien. A wann et och nach ëm Sue geet, da gëtt et richteg schéin! Hand op
d’Häerz: eng Tréin fir d’Ëmwelt vergéisse mir gär; mä richteg kräischen di mir just wann déi nei „Kyoto-gerecht“ Autosteier
an der Bréifboîte läit …Dëst Joer hu mir eis eng Partie existentiell Froe gestallt. Eng ass jo mëttlerweil vun eiser Regierung beäntwert ginn: de Roude Léiw gëtt nieft dem traditionelle rout-wäiss-bloe Fändel «toleréiert» - mä nëmmen hei am Land, fir datt keng onméiglech Diskussiounen an anere Länner opdauchen. Elo dierf ee gespaant sinn, wat d’Koalitiounspartner sech a Saache Reliouns- oder Wäerteunterrecht afale loossen! Sou gesi freeën ech mech schonn op d’ “Karikatour“ 2008. Wann een och nach bedenkt, datt d’Joer drop Parlamentswalen um Programm stinn - mat oder ouni Jean-Claude Juncker - kann een nëmme nach méi ongedëlleg sinn. Iwwregens: et soll nach ee behaapten et wier näischt lass zu Lëtzebuerg! (Den Auteur bezitt sech hei natierlech net op d’Grand Rue no sechs Auer owes…)


Alain Rousseau Chefredakter RTL Télé Lëtzebuerg

ISBN 978-2-919999-46-0