ABEEJO! - Majo dajee elo

  • ABEEJO! - Majo dajee elo
  • Artikelnr.: abeejo2018
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 22,50€


"ABEEJO! - Majo dajee elo" von Lex Roth und Carlo Schneider

Schonn den Titel weist op Ausdréck, déi et nëmmen am Lëtzebuergesche gëtt. Natierlech kann een d’Bedeitung dovun an eng aner Sprooch setzen, ower dobäi verschwënnt de authentesche Lëtzebuerger Ausdrock.

An Däitschland koum dëslescht en intressant Bichelchen eraus, wou mat 50 Beispiller gewise gëtt, datt bestëmmten däitsch Ausdréck (Idiomen) bei der Iwwersetzung an eng aner Sprooch ‚verduften‘, Titel: LOST IN TRANSLATION…zu Zéngdausende verkaaft! Dees ‚Apaartes‘ hu mir Teimere voll! De Lex Roth huet der e puer honnert dovun a Sätz verpaakt zesummegelammelt, an donieft eng Iwwersetzung op Franséisch an Däitsch proposéiert. Bei méi wéi enger seet een sech: ABEEJO, dat hätt ech nawell net geduecht. Kuckt emol, ob et iech och esou geet…a laacht heinsdo zerguttst bei enger Rëtsch deer lëschteger Karikature vum Carlo Schneider!

D’Buch ass iwregens eng giedeleg Geleeënheet, fir auslännesche Frënn ze

(be-)weisen, datt mir eng wierklech ‚eegestänneg Sprooch‘ hunn, déi e Stéck vun eisem Gesiicht ass…mat enger sympathescher ‚Kuck‘ fir all aner Leit! Iwregens eng genësseg Vakanze-Lieserei.


ISBN-13 : 978-99959-45-41-1 Format 130 x 200 mm • Softcover • 112 Seiten • Tirage: 2.000 ex




---