Karikatour 2006

  • Karikatour 2006
  • Artikelnr.: 2006Karikatour
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 12,00€


Erlabt mer déi bosseg Metapher, mä de roude Fuedem, dee sech duerch d’Karikatour vun dësem Joer zitt ass (och wann d’Faarf an dësem spezielle Fall stëmmt) nu mol kee Fuedem, mä een Déier: eng grouss Kaz aus Afrika, mat där déi kleng Lëtzebuerger sech zënter méi wéi 100 Joer nawell gär identifizéieren... de Léiw nämlech! Do hat dach ee Politiker, deen nawell gär op d’Juegd geet (och an Afrika?), déi „genial“ Iddi, fir dat struwwelegt Raubdéier elo geschwënn op de Lëtzebuerger Fändel ze molen... an en huet domadder eng Lawin vu Begeeschterung bei deene Kompatri(di)ote lassgetrëppelt, déi mengen, mam roude Léiw wiere mer, och als Natioun, méi staark, méi potent a méi respektéiert. Dee Léiw... als Symbol vum Lëtzebuerger Éiergäiz... fann Der also an dësem Buch erëm: wéi en, uewen op der Alpe d’Huez, Tréine vu Freed kräischt; wéi en der vun engem indeschen Tiger,
bei der Arcelor, laanscht d’Ouere kritt oder wéi e sech säi leschte Kalzong beim Monopol keeft! Datt hien awer d’Attraktioun vun engem Safari-Park am Gréngewald gëtt, fir d’Keesse vum Haff nees ze fëllen, bleift just eng nidderträchteg Rumeur! An deem Sënn, wënschen ech eng gutt Lecture...


Tom Graas Chefredakter vun Télé Lëtzebuerg

ISBN 2-919999-39-7