Karikatour 2008

  • Karikatour 2008
  • Artikelnr.: 2008Karikatour
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 12,00€


Mir sinn awer keng Insel...
Wat kritt een haut nach fi r 12 Euro? E puer Stonne Parking an der Stad, 150 Kilometer mam Velo’h (fi r een deen a Form ass), neierdéngs och e Sak voller Aktien... D’Lëscht ass laang, mä op alles seng Sue wäert ass, dat sief dohigestallt! Et kann een dës Zomm anescht investéieren - an eppes méi „Nohalteges“. Déi neitsten Editioun vun der Karikatour, zum Beispill. Eischtens steet alles dran wat ee vun 2008 zréckhale muss, zweetens stäerkt se d’Kafkraaft vun de Kollege Kapp a Schneider, an, drëttens, bréngt se dem Lieser eng gellech Freed. De leschte Punkt schéngt besonnesch wichteg: D’Zäite sinn net roseg, an d’Aussiichte ware jo och scho besser. Dobäi kënnt, datt mir dëst Joer eppes Schreckleches gewuer goufen, eppes wat hei
am Land kee sou richteg fi r méiglech gehalen huet. Mir kruten de Bewäis, datt de Grand-Duché elo awer keng Insel ass...
E richtege Schock, och wann, reng geografesch betruecht, dat Ganzt scho méi laang gewosst war. An eise Käpp war et awer
ni ganz kloer: Mir hunn eben geduecht, mir géifen op enger Wuelstandsinsel liewen, wou d’Beem tatsächlech an den Himmel
wuessen. De Rescht vun der Geschicht ass an der Tëschenzäit bekannt: duerch d’Finanzkris krut och Lëtzebuerg eng ferm op den Deckel. Nuetelaang ass u Rettungspläng gedoktert ginn, fir datt d’Kierch um Boulevard Royal – pardon, am Duerf – bleift... Wéi et elo dat anert Joer virugeet, gesi mir spéitstens an der Karikatour 2009. Bis dohin, Kapp héich! (Net nëmmen Du, Jacques, mä och all déi aner...) N.B.: Sou eng gesond Lecture wéi d’Karikatour misst vun der Krankekeess rembourséiert ginn. De Mars di Bartolomeo kann sech jo mol Gedanke maachen...

Alain Rousseau Chefredakter RTL Télé Lëtzebuerg

ISBN: 2-919999-51-6 / 978-2-919999-51-4