Karikatour 2013

  • Karikatour 2013
  • Artikelnr.: Karirevue13
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 15,00€


Wann et ee Luxusbierger gëtt, bei deem dëst Joer „Schmalhans“ alles anescht wéi Kniwwel- a Kichechef war, dann ass dat ouni Zweifel de Karikaturist an Exilschwäizer Carlo Schneider, dee mat gewinnt spatzer Fieder dem Stacklëtzebuerger de Spigel virun d’Binette hält an sech op seng labber Manéier iwwert dee kolossale Klamauk ameséiert, deen am Moment an der nationaler Politik ofbrennt. D’Vulle päifen et vun den Diech an aus der Cité Judiciaire: d’Lompe sténken am Marielännchen. Déi roud-wäiss-blo Costa Concordia läit um Flang an de Maître Oiseau ronkt mat der Bisch um Comptoir, während en Zankert virum Riichter de Père Ubu recitéiert an sech partout un näischt méi erënnere kann. De Jean-Claude Nationale telefonéiert mat senger Mille-Auer, de Xavier prouft de Wiessel an d’Champions League, de Bausche Fränz recycléiert seng eidel Stëmmziedelen an de Luc verrammscht e puer Cargolux-Telleren wéi ee jéinesche Lompekréimer am Beduinenzelt. Jo, de Scheich huet scho Rescht, deene feelen alleguer e puer Tasen am Schaf. D’Pinocchiosnuesen hale guer net méi op mat Wuessen, d’SREL-Aueren ticken wéi d‘Maschinn vum Jéngste Geriicht a jidderengem ass wéi et schéngt alles sch…egal. Ausser dem „Maître“, deen an dësem wonnerbare Band eng zentral Roll anhëllt an wéi een „deus ex machina“ heiansdo vum Plafong ofgeseelt gëtt, fir Damp derhannert ze maachen, well d’Teppëcher si guer net méi déck genuch, fir dee ganze Filz nach drënnerzekieren. Wann de Carlo Schneider eis eppes bäibrénge kann, dann ass et dat hei: Et huet kee Wäert, mat der Roserei an der Panz um Iirgäertchen am Stau d’ganz Regierung an den Haff op de Mound ze wënschen an dobäi eng Fauscht an der Täsch ze maachen, well et ass besser, d‘Saach mat Humor ze huelen, sech de Grand-Duc virzestellen, wéi hien d’Nationalhymn vu Gambia op der Vuvuzela trotert, dann aus dem Auto klëmmt an ufänkt, um Rond-Point ze danzen. Well mär sinn alleguer roud Léiwen, déi wëssen, datt géint déi Lëtzbuerger Aart a Weis kee Kraut gewuess ass a mer besser gedëlleg a mat engem Himpchen am Grapp, ouni onnéideg Fisimatenten ze maachen, op déi nächst Schueberfouer waarden. An en décke Pelz hu mer jo souwisou.

Autor(en): Carlo SCHNEIDER
ISBN-13: 978-2-919999-92-7
Sprache: Luxemburgisch
Verlag: Editions Revue