Weemseesdet

  • Artikelnr.: DVDWSD
  • Verfügbarkeit: Lagernd
  • 39,95€


Weemseesdet: E ganz normaalt Liewen zu Lëtzebuerg? Eng Famill aus der gehuewener Mëttelschicht an enger klassescher Mëttelschichtsgesellschaft. Eng Sitcom iwwert d’ lëtzebuerger Biergerlechkeet, Generatiounskonflikter an aner méi oder manner grouss Suergen. Well, wichteg ass virun allem wat de Noper seet oder (nach net)weess. Weemseesdet! Liewen zu Lëtzebuerg: Shopping, Schwaarzaarbecht, Sozialversécherungen a Sexualverhütung, Alkohol um Steier, Autofetischismus, Asylpolitik an Alzheimer, Hexeschoss, Broschtkriibs an Häerzinfarkt, Rassismus a Gewalt an der Schoul, Scheedung a Säitespréng, Konsumwahn, Carrièrismus a Kriminalitéit, Vakanzefetischismus a Viagra, Premièresexamen a Patriotismus, Doping, sozialen Drock an Doud! E ganz normaalt Liewen zu Lëtzebuerg? Weemseesdet!

Weemseesdet ass di éischt lëtzebuerger Sitcom, déi tëscht Oktober 2011 a Mäerz 2012, regelméisseg vu méi wéi all drëtte Lëtzebuerger gekuckt gouf! D’Geschichte vun der Famill Wampach hunn RTL - Zuschauer aus alle Generatiounen virun de Fernseh bruecht. Weemseesdet, produzéiert vun deal productions an Zesummenaarbecht mat RTL, ass Familljenënnerhalung am beschte Sënn. An elo muss een och net méi bis Freides owes waarden fir eng Episod ze gesinn, well an dëser Box sinn 6 DVDen mat alle 24 Episoden (plus Bonusgeschir).

Mir hoffen dir hutt vill Spaass domat! Weemseesdet!

mat der Ënnerstëtzung vun RTL a vum Filmfong Lëtzebuerg

Sprooch: Lëtzebuergesch
Dauer: ca. 720 min.
Bild: 16/9 PAL
Toun: 2.0 Stereo

Versandinformation: Bei Auslandsversand berechnen wir 5,00 Euro